Wëllkomm bei PaulMedia!

Sidd der prett fir en neien Internet-Projet ze starten?

 

Technik  >   Inhalt  >   Strategie   >   Erfolleg

 

Paul Krier, PaulMedia owner and operator

Wien ech sinn

Paul Krier

Meng berufflech Ausbildung a mäi laangjäreg Engagement bei engem vun de gréisste lëtzebuerger Medienhaiser huet et mer erlaabt, dat néidegt Wëssen ze sammelen, dat haut néideg ass, fir am Business vum „New Media Management“ ze schaffen. Doduerch kann ech Projet vu verschiddene Standpunkter betruechten: vun deem techneschen esou wéi och als Editeur vum Contenu.

2014 hunn ech dunn de Projet PaulMedia [PM] lancéiert, deen zum haitegen Zäitpunkt als Firma etabléiert ass. A well dëst just ee Schratt a menger privater Geschicht ass, géif ech Iech invitéieren, mäi Liewenslaf duerchzekucken, deen der hei ënnen drënner fannt.

 

PaulMedia [PM]

Wéi erkläert, gëtt PaulMedia [PM] vum Paul Krier bedriwwen. Dës Entreprise kann Iech hëllefen, Är Internet-Präsenzen a -Kommunikatioun ze verbesseren an ze optimiséieren, fir datt Der de beschtméiglechen Notzen dorausser kënnt zéien.

Den Design, d'Updates an d‘Verwaltung vun Ärer Websäit, d‘Verbannen vum Site mat de sozialen Netzwierker esou wéi d‘Koordinatioun mat Äre Marketing-Strategien wäerten Iech et erméiglechen, d‘Zuel vun Äre Clienten ze erhéijen – esouwuel online wéi och offline.

Héichwäertege Contenu ass ee Schlëssel zum Erfolleg, woubäi d‘sozial Netzwierker esou wéi d‘Technik d‘Mëttel zum Zweck sinn.

 

 

Mäi Liewenslaf
  • 2016:    Erhale vum Zertifikat „Photographie Niveau Avancé - Photographie avec flash“ duerch de lëtzebuerger Educatiounsministère
  • 2016:    Erhale vum Zertifikat „Professionelle Öffentlichkeitdarbeit für ONGs“ duerch REsearch & Action zu Lëtzebuerg
  • 2015:    Ufank als Selbstännegen am New Media Management mam PaulMedia-Projet
  • 2014:    Erhale vum Zertifikat "Foto Meisterschule" duerch Chip Foto-Video vu München
  • 2014:    Erhale vun der 'Autorisation d'établissement' vum Wirtschaftsministère (10047408 / 0)
  • 2014:    Zertifikatioun am « New Media Management Sport » mat der Note « gutt » duerch d'IST zu Düsseldorf
  • 2014:    Opbau vum PaulMedia [PM] Projet
  • 2013:    Ufank vun der Tätegkeet als Informatiker bei der SNCA zu Sandweiler
  • 2012:    Zertifikatioun an de Grondlage vum Sportveräinsmanagement mat der Note "ganz gutt" duerch d'IST zu Düsseldorf
  • 2011:    Zertifikatioun an der Fotografie fir Ufänger duerch e-Luxembourg zu Beetebuerg
  • 2011:    Zertifikatioun an engem Project-Management-Cours duerch ACF zu Lëtzebuerg
  • 2005:    Wiel zum Comitésmember vum FC Avenir Beggen zu Lëtzebuerg
  • 1998:    Ufank vun der Tätegkeet als Informatiker bei Saint-Paul Lëtzebuerg
  • 1998:    Ufank vun der Tätegkeet als Informatiker bei der Electro Security zu Lëtzebuerg
  • 1998:    Diplom mat der Note "distingué" als Informatik Techniker duerch d'Ecole Privée Grandjean zu Lëtzebuerg

 

Produkter a Servicer

Wéi mer Iech weiderhëllefe kënnen

 

PaulMedia [PM] ënnerstëtzt Iech andeems mer d‘Lach tëscht der Technik an ëm kommerziellen Erfolleg fëllen! Mir kënnen Websäite vun all Genre fir Iech entwéckelen, mir kënne se mat relevanten Inhalter uräicheren esou wéi Strategien ausschaffen, mat deenen der d‘sozial Netzwierker op eng beschtméiglech Art a Weis kënnt notzen.

 

Produkter a Servicer - Iwwersiicht
  • Web Design
    • komplett Internetsiten
    • Landing Pages
    • Microsites
       
  • Verwaltung vun Inhalter
    • Artikelen & Texter
    • Fotoen
    • Videoen
    • Strategien am Beräich vun den Inhalter
       
  • Sozial Medien
    • Strategien an de soziale Medien
    • Notzen vu verschiddene Kanäl
    • Online Marketing
    • Analysen

Wëllt Der méi Informatioun hunn?

Schreift eis e puer Wuert a mir mellen eis esou séier wéi méiglech bei Iech!

What is the sum of 6 and 3?
Dëse Site notzt Cookies fir Benotzer-Statistiken ze erfaassen. Détailler fannt Der an eisen Notzungsbedéngunge. Read more …